Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
D'Schlussprozessioun e Sonndeg, 17. Mee war dee feierlechen Ofschloss vun der Muttesgottesoktav 2009, un der sech ronn 90.000 Leit bedeelegt hunn. D'Prozessioun ass kuerz no 15 Auer ugaang an hat folgenden Itinéraire: Kathedral - rue Notre-Dame - rue Philippe II - avenue de la Porte-Neuve - rue Beaumont - rue des Capucins - Grand-rue - rue du Marché-aux-Herbes - rue de l'Eau - Kathedral. Nieft dem Äerzbëschof Mgr. Fernand Franck waren och nach folgend héich Wiirdenträger vun der kathoulescher Kierch present: de Monseigneur Manuel Rocha Felicio, Bëschof vu Guarda (Portugal), de Mgr. Jörg-Michael Peters, Weihbëschof zu Tréier, an den Dom Michel Jorrot OSB, Abt vu Klierf. D'Fotogalerie fänkt mat engem Potpourri vun 12 Biller un, dono da Fotoen aus der Rue Notre-Dame, der Philippsgaass an dem Wupp vun der Groussgaass. Net ze vergiessen d'Famille grand-ducale um Balcon vum Palais. (Fotoen: Luc Marteling)