Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Wéi an villen Uertschaften am Land gouf et och zu Ettelbréck Feierlechkeeten fir den Virowend vum Nationalfeierdag.
Nom Te-Deum goung et am Cortège duerch een Deel vun der Foussgängerzone bis hannert d´Gemengenhaus wou déi aner Festivitéiten stattfonnt hunn.
Duerno gouf et Auszeechnungen fir verdéngten Bierger aus der Ettelbrécker Gemeng an eng Usproch vum Här Buergermeeschter Jean-Paul Schaaf an an der Präsenz vum Gemengerot, uschléissend huet den Här Buergermeeschter nach Cadeauen un laangjähreg Veräinsmemberen bzw. deenen hir Stellvertrieder iwwerreecht.
Als éischt Grupp huet den "Kid Colling Cartell" fir Stëmmung gesuergt.
Nom Fakelzuch duerch Ettelbréck gouf et dann ee Concert vun der Band "Wallstreet".