Fouer: Éischt Aarbechten um Glacis (28. Juli + 3. August 2016)
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Um Donneschdeg 28. Juli hunn déi éischt Aarbechten um Glacis ugefaangen, déi elo d'Schueberfouer ukënnegen.
Dobäi sinn elo och déi éischt Parkplazen um Glacis ewechgefall, fir Plaz fir d'Spiller an d'Iessbuden ze maachen.
E Mëttwoch 3. August gouf ugefaangen dat grousst Fouer-Schëld an der Entrée opzehänken.
An den nächsten Deeg a Wochen, wäert d'Fouer ëmmer méi de Glacis anhuelen.
D'Fouer ass vum 19. August bis den 7. September.
Fotoen: Jeff Spielmann / RTL Télé Lëtzebuerg
Christiane Kremer / RTL Radio Lëtzebuerg