Volleyball: Champions League mam Kamil Rychlicki (1. Mäerz 2017)
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Am leschte Match vun der Gruppephase an der Volleyball-Champions-League huet sech de Kamil Rychlicki (6) mat sengem Veräin Noliko Maaseik misse mat 2:3 géint de Favorit Moskau geschloe ginn.
De Lëtzebuerger Nationalspiller huet nees emol missten déi fir hien ongewinnte Plaz vum Opposite anhuelen. An awer sollt hien am éischte Saz Topscorer mat 6 Punkte sinn. Dat ass fir den Outsider Maaseik awer net duergaang an d'Russe konnten den éischte Saz mat 25:22 gewannen.
Anert Bild am zweete Saz, wou Maaseik gewisen huet, datt si och an der Kinneksklass kënne mathalen. Mat 25:18 setzen si sech duerch a gläichen an de Sätz aus.
Den drëtte Saz war extrem spannend an enk bis zum Schluss. D'Russen hate 5 Sazbäll, ma um Enn konnte Rychlicki a Co mat 30:28 gewannen.
Am véierte Saz waren d'Russe nees ganz staark an och den alles anescht wéi souveränen Arbitrage konnt si net vum 25:18 ofhalen.
Den decisive fënnefte Saz war an der Ufanksphase vu ville Feeler op béide Säiten dominéiert a keng Equipe konnt sech richteg ofsetzen. Esou goufen d'Säite beim 8-7 fir Maaseik gewiesselt. Duerno koum de Favorit vu Moskau awer besser mat de villen Ënnerbriechunge aus a konnt sech dann och mat 15:12 behaapten.
Domat ass d'Aventure Champions League fir de Kamil Rychlicki am Joer 2017 eriwwer.