Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Konsument trëfft Produzent, dat ass zanter je hir de Motto vun der Foire agricole zu Ettelbréck, kuerz FAE. Hei presentéiert sech d'Landwirtschaft an all hire Facetten. De Rendez-Vous 2009 dauert vum Freideg, 3. bis de Sonndeg 5. Juli. Während um éischten Dag virun allem Baueren, Politiker, Offizieller a Schoulklassen zu Ettelbréck am Areal ëm d'Däichwisen zu Gaascht sinn, ass de Weekend iwwer dann de Grand Public op Besuch. A bei esou guddem Wieder mécht et duebel Spaass, d'Déieren ze kucken, d'Trakter-Presentatiounen ze suivéieren, lokal a regional Produiten ze probéieren a sech einfach z'ameséieren a Frënn a Famill ze begéinen. Hei e puer kleng Andréck vum Samschdegmëtteg (vum Luc Marteling).