Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Am Verglach mat der éischter Generatioun sinn et natirlech Welten, mee och par rapport zum Virgänger huet sech beim neien Ibiza vill verännert. Zum Beispill déi komplett technesch Basis. MQB A0 – déi nei VW-Plattform fir kleng a kompakt Gefierer kënnt fir d’éischt am neien Ibiza an den Asaz. Ausserdem en zackegen Design a vill modern Technik fir de jonke Public bei der Staang ze halen. Fotoe vum Paul Origer.