Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
De kanadesche Schauspiller ass bekannt ginn duerch Kinofilmer wéi "Stand by me" oder "Flatliners" mam Julia Roberts. Bekannt Serië mat him sinn "24", wou hien den Agent Jack Bauer gespillt huet oder och déi aktuell Netflix Serie "Designated Survivor" wou de Kiefer Sutherland den amerikanesche President spillt. Um Sonndegowend war dann de musikaleschen Deel vu senger Karriär an der Rockhal programméiert. Mat sengem Programm "Not enough Whiskey" huet fir ee flotte gemittlechen a rouegen Owend am Rockhal Club gesuergt.