![]()
Méi Informatiounen iwer déi 2 herrléch Adressen gin ët op: www.kempinski-falkenstein.com an op www.villa-rothschild.com! Vill Spaass!
![]()
Traditioun a Modernitéit: romantesch Gas-Cheminee, Flatscreen a Wifi
![]()
Eng Suite vum Small Leading Hotel of the world - waarm agericht!
![]()
De Stärerestaurant fir 35 Gäscht, matzen am Gréngs
![]()
D'Rothschild-Vinothéik a Schatzkummer vum Stärerestaurant
![]()
Nom gudden Iessen vläicht een Tour an d'Tizian's Bar, mat Rum à gogo an enger herrlécher Vue an den Dall!
![]()
...oder och nach: "Geangelter St. Pierre "krosses Sandwich", Artischockennage, Pata Negra, Ofentomate" - ë Genoss!
![]()
Hei ë puer Beispiller vu sénger Konscht: "Bretonischer Wolfsbarsch, Auszug von Kalbshachse und Olive, Schmorzwiebel, grünes Bohnenpüree"
![]()
D'Aushängeschëld vun der Villa Rothschild: säi Chef, de Christoph Rainer, huet ët fäerdeg bruecht nëmmen an 8 Méint ë Stär am Michelin a 16/20 am Gault-Millau ze kachen!
![]()
Vun der Terrass huet ee grad esou wéi am Kempinski Falkenstein eng herrléch Vue an den Dall
![]()
Haut ass ët e luxuriéisen Hotel mat 22 Zëmmer an engem wäitleefege Park
![]()
An der fréierer Summerresidenz vun der Frankfurter Bänkerfamill Rothschild stoung 1949 d'Wéih vun der Bundesrepublik Deutschland
![]()
Eng weider exklusiv Adress: d'Villa Rothschild, de Schwësterhotel vum Falkenstein Kempinski
![]()
Mam Trakter duerch een didaktëschen Bauerenhaff mat "Heemelzoo"
![]()
Spill a Spass - virun allem och fir déi ganz Kléng!
![]()
Ë weidere flotten Ausflug fir d'ganz Famill: de Fräizäitpark Lochmühle zu Wehrheim im Taunus bei Bad Homburg (20 Minutten vu Königstein)
![]()
D'Buerg trount iwer der Stiedchen (ass eng Visite wäert!)
![]()
De Stad-Musée vu Königstein
![]()
Vue op d'Schlass
![]()
Fachwierkheiser an der Foussgängerzone
![]()
Nach haut erënnert de rout-wäiss-bloë Léiw un déi Lëtzebuerger Präsenz
![]()
D'Grande-Duchesse Marie-Adelaide huet hei bis zu hierem Doud geliewt
![]()
Haut ass e Geriicht an "eisem Schlass"
![]()
D'Summerresidenz vun den Nassauer (ab 1851)
![]()
D'Vue aus dem Park op d'Buerg
![]()
Königstein im Taunus - ë romantëschen Tour duerch déi 14.000-Séilen-Stad
![]()
Den Direkter vum Falkenstein Kempinski, den Henning Reichel, ass iwerzeegt: "wir sind ein ideales Nah-Erholungsgebiet für Luxemburger Gäste!".
![]()
"Frankfurt in the mist" - eng romantësch Vue op d'Skyline vun der Main-Metropol
![]()
Eng liicht Kichen, déi dem Chef 15 Punkten bei Gault-Millau abruecht huet!
![]()
Gourmet-Teller am Restaurant "Siesmayer"
![]()
De Chef Oliver Heberlein: "Mir kachen haaptsächléch mat regionale Produkter, mat engem mediterranen Touch"
![]()
Kronberg am Taunus - all Duerf huet séng Buerg
![]()
Den Elefanten schengt ët gutt ze gefalen - si hu vill Plaatz!
![]()
D'Giraffen mat hierem Stall
![]()
Vakanz am Zoo ;-)!
![]()
Fidderung vun de Giraffen op hierer Héicht!
![]()
Exotesch Déieren a fräier Natur
![]()
"Ich glaub mich knutscht ein Elch..."
![]()
Eng Ausfluchsméiglechkeet fir Grouss a Kléng (5 Minutten): den Opel-Zoo zu Kronberg
![]()
Den hauseegene Fitness-Center ass mat allméiglechen Technogym-Apparater equipéiert
![]()
D'Receptioun vum Ascara Spa - hei gëtt ët alles vum Peeling bis zur Lomi-Lomi-Massage!
![]()
Rouh esou wäit ee lauschtere kann - ët héiert een d'Villercher päifen - ideal fir Stress oofzebauen!
![]()
Och d'Appartementer si ganz komfortabel ageriicht
![]()
Hotel a Spa sin duerch ënnerierdësch Tunneller matenee verbonn
![]()
Eng gëllen Adress: 5 Stären Superior mam Flair vun der Weltmarque Kempinski
![]()
Falkenstein ass ee gréngen Deel vu Königstein - nëmmen 2 1/2 Stonn vu Lëtzebuerg ewéch!
![]()
Vue vun der Terrasse um 1. Stack - ën Draam bei schéinem Wieder!
![]()
Fir Konferenzen an Hochzäiten gin ët Säll vu 45 bis 298 m2
![]()
De Wellness ass eng wichteg Tromp vum Hotel - Buedmantel a Schlappen inklusiv!
![]()
Modernst Equipement - Flatscreen a gratis Wifi op all Zëmmer!
![]()
Ë Beispill vun engem komfortabele Superior-Zëmmer (all 2008 komplett renovéiert)
![]()
An der Hausbar: 295 verschidde Whiskyen (och aus Japan!) - ee Geheimtip fir Jazzmusék mat enger gudder Zigarre!
![]()
Dee moderne Pool mam traditiounsräiche Gebei am Fachwierkstil vun 1909
![]()
Aus dem Pool (29° d'ganzt Joër duerch!) kuckt een op Frankfurt erof!
![]()
Dëscher ronderëm de Sprangbur
![]()
E romantëscht Iessen op der Terrasse - "speisen wie Gott in Deutschland"!
![]()
Den Hotel besteet aus engem Haapthaus an ë puer Annexen - am Ganzen 105 Zëmmer an Appartementer (och flott fir méi laang Openthalter fir Geschäftsleit)
![]()
D'Vue vun der Terrasse bitt eng herrléch Vue op d'Skyline vum Frankfurter Mainhattan
![]()
Eng Entrée wéi um Festival zu Cannes - de rouden Teppech läit Iech zu Féiss!
![]()
"Ein herzliches Willkommen!" vum Stefanie Siegmeier - fréier Marketing & Sales an der Traube Tonbach zu Baiersbronn
![]()
Fréier war dëst schéint Haus ë Sanatorium matzen an der Natur
![]()
De Bau selwer feiert 2009 säin 100. - den Hotel, säin 10. Anniversaire