![]()
Über den Wolken...
![]()
...a bei all Wieder huet deen Dall "das gewisse Etwas!" Méi Informatiounen op www.kleinwalsertal.com
![]()
D'Claudia Schleh, d'Directrice vu Kleinwalsertal Tourismus: "Mir fréen eis, dass ëmmer méi Lëtzebuerger an d'Kleinwalsertal kommen - nët nëmmen am Wanter!"
![]()
De Walserbus op der däitsch-éisterräichescher Grenz fiert all 10 Minutten tëscht Oberstdorf a Baad
![]()
A wann den Helm näischt méi daacht, gëtt deen och als Blummendëppe geholl!
![]()
...Du méngs Du wiers a Südamerika!
![]()
Opgepasst: ët kann engem mol scho schwindeleg gin, esou géih geet ët do erof!
![]()
Gehei eng Mënz iwer d'Schëller an de Pull a wënsch der ëppes!
![]()
Läschte maximale Wasserstand: 2005!
![]()
D'Beem gi vum Waasser wéi Fixspéin doruechter gehäit
![]()
Vegetatioun a schwindeleger Héicht
![]()
Hei sin déi 50.000 m3 déi deemols eroofgetrollt sin!
![]()
Den 23.3.96 war e memorabelen Daag...
![]()
"Das Wandern ist des Müller's Lust" - a wann d'Schong futti sin, maache mer doraus ë Blummendëppen!
![]()
Gewalteg Sténgformatiounen an d'Breitach sicht séch hiere Wee...
![]()
D'Wasser räisst alles mat!
![]()
An duerfir gëtt ee mat esou herrléche Vuen belount!
![]()
Bis dohin ass ët gratis an da kascht ët ronn 8 € fir eng Famill (2 Erwuessener, 2 Kanner)
![]()
D'Wéer si gutt oofgeséchert an awer soll een d'Kanner mat der Hand huelen!
![]()
Fir d'éischt geet ët géih de Bierg erof...
![]()
Um Wee fir zeréck lount séch d'Visite vum Breitachklamm (Busarrêt Walserschanz just op der Grenz A-D)
![]()
850 Meter geet ët erof an den Dall mat max. 40 km/h (geet och déck duer ;-)!!!)
![]()
Um Alpine Coaster kann ee vun 8 Joër un eleng fueren, Kanner vun 0-7 kann een am Tandem mathuelen (gratis)
![]()
Ë weideren noën Ausflug an Däitschland dee séch lount: d'Söllereck-Rodelbunn just hannert der Grenz!
![]()
Den Alphotel vun ënnen erop gekuckt - Member bei kinderhotels.at: 45 Stonne Kannerbetreiung pro Woch!
![]()
Aus all Photo an den Dall kann een eng Postkaart maachen!
![]()
De 4-Stären Hotel Chesa Valisa - ë Bijou fir Natur-, Wellness- a Bio-Freaken!
![]()
...déi éiweg Rouh mat enger herrlécher Vue!
![]()
Zu Hirschegg ass d'Kierch nach am Duerf (maacht d'Hotelsfënster moies nët ze wäit op, well d'Klack geet nawell gutt... a fréi!)
![]()
Niewt ë sëlleche regionale Kreider gëtt ët hei och Edelweiss aus dem Himalaya ;-)!
![]()
All Freideg moien ass zu Hirschegg Wochemaart mat regionale Produkter (Hunneg, Kéis a Wurscht) an original Schoofspelzer fir +/- 50 €
![]()
Hei ass am Wanter décke Betrieb: deen neie Sessellift Heuberg Arena
![]()
Virum Walserhaus zu Hirschegg: ë Mountain-Bike aus Holz geschnëtzt (am Summer den Nationalsport an der Géigend)
![]()
Mat der Walserkaart sin d'Biergbunnen zu Oberstdorf an am Kleinwalsertal gratis (grad esou wéi de Bus) an där gin ët genuch!
![]()
Oberstdorf ass scho prett fir deen nächste FIS-Weltcup
![]()
Wanderwéer an all Himmelsrichtung (gutt ausgeschëldert)
![]()
...och wann d'Wasser esou lues knapp gëtt bei där Drechent!
![]()
Naturspektakel pur!
![]()
Vue vun engem, deen an der Sonn läit ;-)!
![]()
Um Séi kann ee schwammen, sprangen, Pedalo fueren oder ruderen (am Hannergrond d'Schanz vun der 4-Schanzen-Tournee)
![]()
Um Freibergsee ukomm kann een no lénks op de Séi oder no rieds bei déi gewalteg Skiflugschanze vun Oberstdorf
![]()
...esou wäit ee kucke kann!
![]()
Do gëtt ee mat esou Panorama-Landschaften belount!
![]()
Wanderwéer à gogo - hei ee vun deenen vun Oberstdorf a Richtung Freibergsee (D)
![]()
Bléck erof an den Dall op Hirschegg an op Riezlern hannendrun (desweidere gehéieren Mittelberg a Baad zum Kleinwalsertal)
![]()
Eng gutt Adress fir Famillgen mat (klénge) Kanner: den Alphotel zu Hirschegg
![]()
Ën Naturhotel matzen an der Natur - architektonësch ass d'Hotellerie ideal an d'Landschaftsbild integréiert
![]()
D'Kleinwalsertal läit an enger Saakgaass an ass just iwer Däitschland ze erreechen (läit hannert der Walserschanze tëscht 1086 an 1244 Meter)