![]()
Ee grousst Segelboot um Séi - ët si just 2 Motorbooter erlaabt!
![]()
...oder ën Elektroboot (+/- 15 € fir 4 Persounen 1/2 Stonn)
![]()
Eng Attraktioun: ë Pedalo mat Rutschbahn (+/- 15 € d'Stonn)
![]()
Mein lieber Schwan - Pub um Séi
![]()
Oder ët mécht een eng kleng Paus op enger gemiitlécher Terrasse
![]()
An duerno mat der Sonnalm-Panoramabunn
![]()
Vun do fiert een dann neess an den Dall - fir d'éischt mam Sessellift...
![]()
Um Sonnkogel ass och eng Spillplaatz fir Kanner
![]()
Flott Spazéierwéer an all Himmelsrichtung
![]()
D'Lawine-Briecher waarden op den nächste Schnéi
![]()
Iwerall lueden Hütten op eng Jause an
![]()
E formidabele Panorama op Zell an op de Séi
![]()
Wann de Skizirkus bis dréint, dann ass hei eng weider lass
![]()
D'Kapell op der Kopp
![]()
Do kribbelt ët an de Fanger fir mat ze fléien
![]()
Eng Attraktioun um Bierg: Paragliding fir +/- 100 € am Tandem
![]()
Ët gëtt ëmmer nach weider investéiert - hei gëtt ën neie Skilift gebaut
![]()
Uewen ukomm ass ee bal iwer de Wolléken
![]()
Alles eraspazéiert - d'Bunn fiert all 1/2 Stonn
![]()
Op 2000 Meter brauch een am Summer nach kéng Woll!
![]()
An da geet ët mat der Gondel erop op de Bierg
![]()
Hei kritt een d'Kaarten fir op den Hausbierg vun Zell am See
![]()
Nom Wellness geet ët dann neess eraus an d'Natur - hei de Wee fir op d'Schmittenhöhe
![]()
Eng waarm Ambiance fir op Wasserbetter ze relaxéieren
![]()
Déi innovativ Blue Box - ën Ausflug an Draam a Realitéit - Detailler op www.mavida.at
![]()
Eng luxuriéis equipéiert Suite
![]()
Déi meescht vun de 47 Zëmmer sin zweegedeelt, mat Bett déi eng Säit a Buedbidden déi aner
![]()
Niewt der baussenzéchter Schwämm gëtt ët och eng bannen mat Wasserbetter fir ze entspaanen
![]()
Hei d'Schwämm mat der grénger Terrasse fir optimal ze entspaanen (uewen de Kannerhotel Hagleitner)
![]()
Esou krut d'Ilona Hagleitner zb dës Auszeechnung dëst Joër
![]()
...dem 5-Stären-Mavida Spa, engem Hotel, dee schon ë puer mol fir séng aussergewéinlech Wellness-Offer ausgezeechent gouf!
![]()
Zeréck am Hotel Hagleitner, deen a séch aus 2 Heiser besteet: dem 5-Smiley-Kannerhotel an...
![]()
Nees zeréck zu Zell am See: eng Lok fir Eisebunnsfrënn an der Gare vu Schüttdorf
![]()
Déi meescht Pisten sin also elo zou, mee fir den nächste Wanter ass hei Schnéisécherheet garantéiert!
![]()
Lénks deen héchste Gondelpoteau aus den Alpen - déi "rutschen" mam Gletscher all Joër 6-8 Meter!
![]()
Eng Pisteraup an Aktioun - mat hier kënne Kanner am Summer "spillen"
![]()
Um Wee fir neess erof muss ee schwindelfräi sin!
![]()
Bei guddem Wieder um Horizont ze gesin: d'Zugspitze
![]()
Si kommen aus allen Härelänner a kréien all hier Informatiounen iwer d'Kitzsteinhorn
![]()
Spektakulär Vue vu Steng a Schnéi
![]()
Ë Grupp vu russëschen Touristen (déi sin iwerall :-) huet séch waarm ugedo op der Plateform: och am Summer sin ët do nëmmen +/- 10 Grad
![]()
Am Summer profitéieren d'Aarbechter fir d'Infrastrukturen ze reparéieren an ze verbesseren
![]()
D'Enn vum Tunnel - ët ass derwäert, och wann engem um Wee fir zeréck biergop ë bëssen d'Loft ausgeet...
![]()
Eng Gedenktafel fir déi, déi den Tunnel gebaut hun
![]()
400 Meter goufen an de Stee geschlo
![]()
Ee Rouer fir di eenzel Bierger méi genee ënnert d'Loupe ze huelen...
![]()
Loosse mer einfach emol soën, deen éischte Fändel wier eisen an nët deen hollänneschen ;-)!
![]()
Bei schéinem Wieder huet een eng genial Vue an all Himmelsrichtung!
![]()
Couchen vum "éiwegen Äis"
![]()
Hei geet ët op d'Plaatz un der Sonn, mee opgepasst: nëmmen fir Profien, mat gudde Biergschong an op eegene Risiko!
![]()
Déi läscht Meteren bis op d'Spëtzt muss een dann zu Fouss kraxelen...
![]()
Mat dësem herrléche Gletscher-Panorama gëtt een uewen belount!
![]()
Eng 45 Leit passen an déi Gondel, wa kee Ski derbei huet...
![]()
Nët nëmmen Amerika huet säi Big Apple! Hei geet ët eran bei déi läscht Gondel fir ganz uewen hin!
![]()
D'Schnéikanounen sin am Chômage technique!
![]()
Haat ech och nach nie gesin: am Summer gi Kéipercher gemaach fir d'Bockelpisten ze präparéieren!
![]()
Über den Wolken...
![]()
De Wee op de Bierg lount séch trotzdem!
![]()
Schlecht Nouvelle fir all Summer-Ski-Freaken: zanter dem 18.8. kann ee kee Ski méi um Gletscher fueren: ...Canicule oder Klimawandel?
![]()
Mat 3 verschiddene Lifter geet ët op iwer 3000 Meter - ët kann een am Summer och flott Kombi-Kaarten kaafen (Lifter, Schwämmen, Transport...)
![]()
Do wou soss d'Skifuerer an der Schlang stin, kënnt een elo gudd bäi: d'Talstatioun fir op d'Kitzsteinhorn
![]()
Ën Ausflug op Kaprun gehéiert einfach zu engem Openthalt zu Zell am See
![]()
D'Ulrike Hammerl, Projetscoordinatrice Family Salzburger Land: "wir haben ein gutes Produkt in allen Kategorien - Familien kommen im Salzburger Land voll und ganz auf Ihre Kosten!" Ët gëtt eng separat Family-Brochure: family.salzburgerland.com
![]()
Op Besuch zu Zell am See: d'Waltraud Paradeiser vun der Salzburger Land Tourismus Gesellschaft: "...wir haben einen leichten Rückgang durch die Engländer zu verzeichnen - die Luxemburger sind dem Salzburger Land weiterhin sehr treu!"
![]()
Den Direkter vun der Kurverwaltung Zell am See-Kaprun, den Hans Wallner: "Unsere Region bietet Sommer, wie Winter ein tolles Naturerlebnis - wir haben fast so viele Gästebetten, als Einwohner! Für den nächsten Winter kommen einige tolle Überaschungen!"
![]()
D'Promenade geet déi eng Säit laanscht de Séi, op där anerer Säit muss een iwer den Trottoir goën (fir Leefer: ronn 12 km ee ganzen Tour - herrléch!)
![]()
Sonnen op der Wiss, schwammen am glaskloëre Waasser mat enger herrlécher Vue
![]()
Eng aner Attraktioun vun Zell am See am Summer: déi oppe Schwämm direkt um Séi
![]()
D'Kanner kënne vu 7 Joër un ë Segelcours maachen (10 € fir 2 Stonnen)
![]()
Den Här an d'Madame Schwan kommen aus der Hand picken!
![]()
Déi ganz Famill ass um Ausflug a waart op Brout vum Ufer
![]()
Och wann de Séi Drénkwasserqualitéit huet: ë gëtt regelméisseg mat dësem originelle Gefier gebotzt!
![]()
Déi kleng Marina op der Spëtzt vum Séi
![]()
Segel- a Yachtschoulen gin ët direkt um Ufer! Pedaloen mat Rutschbahn och!
![]()
D'Booter waarden op hieren Asaatz - d'Fëscher fueren nëmme moies an owes eraus.
![]()
Mein lieber Schwan! Déi schengen séch um Séi richteg wuel ze fillen!
![]()
Op der Schmittenhöhe (Numm vum Hausbierg) ass den Undrang bei schéinem Wieder natierléch grouss!
![]()
Vum Hotel Hagleitner (Schüttdorf, Zell am See Süd) ass een an 10 Minutten um Séi - hei daat eenzegt motoriséiert Schëff, wat um Séi daarf fueren!
![]()
De Gaart vum Hotel Hagleitner: eng Oase matzen an den Alpen!
![]()
...an daat stëmmt: de Programm am Hagleitner ass immens oofwiesslungsräich: vun Zauberer bis Ponyreiden (Betreiung vu moies 9.30 bis owes 21.00 - vu sonndes bis freides)
![]()
D'Directrice vun den Hoteller Hagleitner a Mavida Spa, d'Ilona Hagleitner am RTL-Interview: "Mir hun dat idealt Produkt: d'Kanner mat hieren Elteren kréien am Hagleitner déi Action, déi si brauchen. An de Mavida Spa ass ideal, fir all déi di Rouh sichen!"
![]()
D'Vue aus dem Hotel Hagleitner ass eemoleg - a matzen dran: Schwämm a Kannerclub
![]()
En absolute Geheimtip fir Famillgen: de 4-Stären-Hotel Hagneitner, Member vu www.kinderhotels.at
![]()
Deen imposanten Tuerm ass scho vu wäit ze gesin...
![]()
Déi mëttelalterléch Kierch suergt fir de Charme vun der Aalstad!
![]()
De Buer an der Foussgängerzone - hei gin déi lokal Sportsathleten gefeiert!
![]()
Tëscht séngen aale Gemeier huet een eng herrléch Vue
![]()
Dat Aushängeschëld vun Zell am See: de Grand Hotel direkt um Séi
![]()
D'Séipromenade ass agreabel fir ze flanéieren... (separat Spazéier- a Veloswéer)
![]()
Modern Konscht am Parc vum Séi
![]()
D'Rouh selwer - um Séi kann ee mat Elektro-Booter oder mat Pedaloen fueren
![]()
Déi räich Vegetatioun mécht den Tour nach méi schéin!
![]()
En Tour ronderëm de Séi si +/- 12 km. Déi kann ee spazéieren oder lafen, mam Velo oder mat den Inline-Skates fueren - alles flaach!
![]()
Romantësch Vue op e rouegt Wasser an deem ee roueg ka schwammen!
![]()
Am Summer d'Haaptattraktioun: de Séi vun Zell am See. D'Wasser huet Drénkqualitéit a Fësch schéngt ët genuch dran ze gin.
![]()
Zell am See... alles aussteigen! Wien déi 720km nët mam Auto mécht, kann och mam Zuch kommen. D'Gare ass matzen an der Uertschaft.