Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Wann een de sozialen Netzwierker gleewe kann, dann hate och vill Lëtzebuerger de Wee op den Hockenheim fonnt. An do um Ring huet den "Mountain Man" Andreas Gabalier säi wuel gréisste Concert a senger Carrière presentéiert.90.000 Fans sollen et gewiescht sinn.
Vill vun senge Fans waren am Dirndl oder an der Liedersbox bekleet op e e iwwer 3 Stonne laange Concert vum Volks-Rock‘n‘Roller Gabalier komm. Duerfir sollt säi Show-Motto him och Recht ginn. "Mehr geht nicht". Mat der Ënnerstëtzung vum wahrscheinlech weltgréisste Chouer huet den Éisträicher ënnerenaner senge bekanntste Lidder " I sing a Liad für Di“ oder de "Hulapalu“ an enger impressionnanter Kuliss gesongen.
Zum Schluss vun dem musikaleschem Volleksfest sinn dann nach eng Kéier bei ville Visiteuren Tréine gelaf.
Mat sengem wuel emotionaalsten Lidd ""Amoi seg' ma uns wieder" ass ee flotte Gabalier-Owend op e Enn gaangen.