Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Dräi Deeg voller historescher Autorennen gouf et zu Francorchamps beim Spa Six Hours, organiséiert vun der Equipe "Roadbook". Et wor schonn déi 25. Editioun vun dësem Event, dee mat knapp 650 Old- a Youngtimer extrem staark besat wor.
Dausende vun Klassik-Enthousiasten hu bei schéinem Wieder 12 spannend Coursse gesinn, déi zesumme mam Qualifying iwwer de Weekend verdeelt woren. Nieft den historesche Formel-Autoen, de klassesche Sports- an Toureween, wor d'Haaptattraktioun ouni Zweiwel d'6-Stonne-Course, déi Samschdes vu 16.00 bis an d'Nuecht um 22.00 Auer gefuer gouf.
Legenden aus der Automobil-Geschicht, wéi zum Beispill Ford GT40, Jaguar E-Type, Shelby Cobra, Ferrari 250 GT oder Ford Mustang woren d'Stare bei dësem Rennen. De giele Mustang vum DJAG Racing huet d'Lëtzebuerger Faarwen presentéiert. Pure Racing gouf an alle Klasse gebueden a bei den Zweekämpf an der Eau Rouge oder an der La Source, goung et wéi deemools haart hir.