Buddeler: Kapell mat de 14 Nouthelfer ageweit (30. September 2017)
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
E Samschdeg war et esou wäit: No laange Renovatiounsaarbechte konnt zu Buddeler an der Gemeng Biwer déi kleng Kapell mam bekannten Altor mat de 14 Nouthelfer ageweit ginn. Vill Leit ware komm, dorënner och de Kulturstaatssekretär Guy Arendt.
Hei drënner e puer Fotoe vun der Inauguratioun, ma och e puer Biller vun enger Visite vun der Kapell virun e puer Méint, wéi d'Aarbechte matten am Gaang waren - déi Visite war zesumme mam Raoul Schiltz an dem Alain Atten.