Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Am Kader vum "Mosel Musikfestival 2017" gouf et an der "Industrie-und-Handelskammer IHK Trier" ee flotten Jazzconcert während deem de "JTI Award 2017" un den Trompetist Markus Stockhausen iwwerreecht gouf.
Als Éischt huet de Laureat mat engem Pianist zwee Stécker gespillt, duerno goufen dann divers kleng Rieden, ënnert anerem vun der Buergermeeschtesch vun Tréier.
Als nächst huet dee beschtbekannten Jazzkritiker-Kolumnist a Blogger Ralf Dombrowski nach ee klengen Werdegang vum Markus Stockhausen erzielt, ier den Markus Stockhausen de Präis iwwerreecht krut.
De Präis krut de Pascal Schumacher iwwregens 2013.
Duerno goung et da weider mam Duo "Stockhausen - Weber":
Markus Stockhausen - Trumpets, Flügelhorn,
Florian Weber - Piano