"Pol Mootz - Mat Rhythmus an d'Pensioun" @ Conservatoire (3.10.17)
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
De Concertsowend am Stater Conservatoire stoung en Dënschden 3. Oktober ënnert dem Motto "Pol Mootz - Mat Rhythmus an d'Pensioun - Ee Réckbléck op 40 Joer Perkussioun mat Frënn vun deemools an haut":
Ganz vill ancient Weggefährten vum Pol Mootz an awer och vill Jonker waren am Public an op der Bühn.
Dobäi waren am 1. Deel vum Owend ë.a. ee ganz jonke Perkussiounsensembel ënnert der Leedung vun der Mme Netty Glesener.
Et waren och bekannte Museker op der Bühn wéi de Pol Mootz selwer, de Misch Mootz alle béid Perkussioun, Gary a Jean Müller um Piano, Vania Lecuit op der Gei, Maurizio Spiridigliozzi - Accordéon, d´Sängerin Manou Walesch, Jeanne Schmartz op de Congas an den Nils Engel.
Tëschenduerch huet de Pol Mootz e puer Anekdoten aus sengem Liewe verzielt an och d´Mme Buergermeeschtesch aus der Stad Lëtzebuerg Lydie Polver huet e puer Wuert un de Pol Mootz geriicht.
Am zweeten Deel gouf et dann d´Weggefährten vum Pol Mootz aus dem "Lëtzebuerger Perkussiounsensemble", wou de Pol awer huet dierften op der Tribün sëtzen, ausser beim leschte Stéck.
An deem Ensembel waren: Boris Dinev, Al Ginter, Jos Christen, Netty Glesener, Marco Kasel, Jean-Paul Wagner, Rainer Kind a Serge Kettenmayer.
De Pol Mootz huet vum Ensembel eng Skulptur vum beschtbekannten Drummer a Sculpteur Misch Feinen Iwwerrescht mam flotten Numm "Polmootzophon".