Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Et muss een déi däitsch Kënschtlerin gären hunn, oder och net. Fakt ass, dass d'Helene Fischer an de leschte Joren all Rekorder am däitsche Museksgeschäft gebrach huet a si eng vun den erfollegräichste Sängerinnen an Europa ass. Wann een de soziale Medie gleewe kann, huet si och hei am Grand-Duché vill Fans, a vill vun hinne hu sech mat hirem Ticket op de Wee op Köln gemaach gehat, fir d'Sängerin bei engem vun de 5 Concerten an der Rheinmetropol ze bewonneren.
Op engem Owend waren iwwer 15.000 Leit present, fir eng Helene Fischer an Héichform gesinn. Am Ganze wäerten dann ongeféier 80.000 Fans de Wee a Lanxess Arena fonnt hunn.
3 Stonnen dauert d'Show vun der Däitsch-Russin,eng Mëschung aus Schlager, Pop, Rock a vill Akrobatik mat den Artiste vum Cirque du Soleil. 6 Mol huet d'Artistin hir Garderob gewiesselt a vu sexy bis sportlech war alles dobäi. Spektakulär och d'Waasserkleed, dat si bei "Wenn du lachst" presentéiert huet. Nei Lidder wéi "Herzbeben" si grad sou gutt ukomm wéi hir Klassiker, an zum Schluss huet natierlech de Megahit net duerfe feelen. An dat Lidd kann den Owend am beschte beschreiwen ... "Atemlos!"