Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
D'Buchmesse zu Frankfurt ass bekanntlech déi gréisste Bicherfoire op der Welt, ma si ass scho laang net méi op Bicher limitéiert, definéiert sech selwer als Content-Foire, also als Plattform, wou all Zorte vu medialen Inhalter virgestallt a verkaaft kënne ginn - verkaaft ginn awer manner d'Contenue selwer, ma éischter d'Rechter drop.
D'Buchmesse 2017 dauert vum 11. bis de 15. Oktober. Déi zwee lescht Deeg, also de Samschdeg an de Sonndeg, ass d'Foire och fir de "Grand Public" op, virdrun ass se "Fachbesucher" virenthalen.
Lëtzebuerg huet och eng kleng Präsenz an dat am Kader vun der "Francophonie". Wou ënnert anderem de Jean Portante an de Lambert Schlecht opgetruede sinn.
Hei e puer Andréck vum Luc Marteling vum Mëttwoch, 11. Oktober 2017.