Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Vill zefridde Gesiichter huet een zum Schluss vum engem Concert gesinn, dee gutt iwwer 2 Stonne gedauert huet. Den däitsche Sänger huet mat senger MTV-unplugged-Tour och Lëtzebuerg net vergiess, a hat duerfir um Dënschdeg den Owend een Tëschestopp an der Rockhal mat aprogramméiert, fir Lidder aus senger impressionnanter Carrière ze presentéieren. De Marius Müller‐Westernhagen, deen am Dezember seng 68 Joer däerf feieren, huet an enger Aart Clint Eastwood-Style de Concert mat dem Lidd "Geiler is' schon" ugefaangen an no Zugabe wei Johnny W. ass dann zum Schluss säi wuel emotionaalt Lidd gespillt ginn: Freiheit.