Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
All 2 Joer mécht déi gréissten a eelsten Expo an Europa, wat de Bus betrëfft, hir Dieren zu Kortrijk an der Belsch op. Hei fannen déi Intresséiert alles, wat mat deem groussen Transportmëttel ze dinn huet. Sou däerfen Hiersteller hei hiren neiste Produit flott op Stänn presentéieren a verkafen.
Highlighten dëst Joer waren ënnert anerem den neie Mercedes Tourismo,souwéi de Setra Doppeldecker S 531 DT. Bei MAN war et déi nei Versioun vum Lion's Coach, déi dem Public virgestallt gouf. Eng Weltpremière huet Mercedes mam neie Citaro Hybrid mat der 48 Volt Technologie gefeiert. Dass och bei de Bussen den Elektro eng grouss Zukunft wäert hunn, mierkt een och beim neie Volvo. Hei ass den neien 12m Bus mat der Bezeechnung 7900E virgestallt ginn. Wann d'Topographie et erlaabt, kann dëse Bus ee ganzen Dag ouni nozeluede fueren.
Wéinst der Plaz, déi Aussteller brauchen, ëm hir Offer virzestellen,wäert d'Expo dann an 2 Joer op Bréissel plënneren. Den Datum kann ee sech elo schonn notéieren: 18-23.10.2019