Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Um Freideg den Owend huet de Mark Forster mat sengem aktuellen Album "Tape" d'Arena zu Treier onsécher gemaach. Tréier ass déi 2. Statioun vu senger Däitschland-Tour, sou hunn dann och vill Lëtzebuerger Fans dee Wee an d'Stad vun der Porta Nigra fonnt, fir hire Star ze gesinn.
Mat senger BaseCap, Vollbaart an Orchester ass den däitsche Museker, dee gebierteg aus Kaiserslautern ass, mat vill Witz a Charme op senger Bühn ënnerwee an huet och schonn direkt bei sengem éischte Lidd "Sowieso" seng Fans op seng Säit gezunn. Mat flotte Spréch a senge bekannte Lidder huet den 33 Joer ale Sänger gutt 2 Stonne seng Fans ënnerhalen. Zum Schluss gouf et och flott Zugabe wéi "Wir Sind Groß" begleet mat grousse faarwege Loftballonen, déi iwwer säi Publikum geflu sinn.
Am Moment ass den Mark Cwiertnia, sou säi richtegen Numm, niewent senger Tour och nees als Coach vun "The Voice of Germany" gutt beschäftegt.