Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Si ass zënter 7 Joer fest am Kalenner vun der Coque programméiert. Um Donneschdeg den Owend war nees Night of the proms um Kierchbierg.
Op der Bühn stoungen de Peter Cetera, de Sänger vun der fréiere amerikanescher Kultband Chicago, d'Ex-Spice Girl Melanie C, Culcha Candela aus Däitschland, de Ex-Supertramp Roger Hodgson, dat 16 Joer aalt talentéiert Emily Bear op sengem Piano an natierlech de Mister Music himself, den John Miles, huet net däerfe feelen.
De ganzen Owend si Kënschtler vum "Antwerp Philharmonic Orchestra" ënner der Leedung vun der Alexandra Arrieche a vum Chouer Fine Fleur begleet ginn.
De flotten a gemittlechen Owend gouf vum Dan Spogen presentéiert.