Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
De 26. Juli 1952 ass d’Eva Duarte de Perón, déi 2. Fra vum argentinesche President Juan Perón, am Alter vun 33 Joer u Kriibs gestuerwen. D’Schauspillerin, déi hire Beruff fir hire Mann opginn huet, ass vun hire Géigner gehaasst a vun hiren Unhänger veréiert ginn – ganz besonnesch wéinst hirem Engagement fir déi Aarm a Krank. D’Eva Duarte de Perón war och déi Persoun, déi an Argentinien d’Fraewahlrecht méiglech gemaach huet.
De Komponist Andrew Lloyd Weber an den Texter Tim Rice hu mam Musical “Evita” en Denkmal gesat. Mam Lidd “Don’t cry for me Argentina” huet sech dëse Musical ënnert déi beschte Stécker erop katapultéiert.
Vum 19 Dezember bis den 31. Dezember ass de Musical “Evita” hei zu Lëtzebuerg.
Um Mëttwoch war d'Press invitéiert ginn. fir Fotoe vun der portugisescher Haaptduerstellerin Madalena Alberto ze maachen.