Literareschen Apéro fir dem Josy Braun säin 80. (14.1.2018)
Foto: Claude Conter
Foto: Claude Conter
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
E Sonndeg wier de Josy Braun 80 Joer al ginn. De bekannte Lëtzebuerger Schrëftsteller koum de 14. Januar 1938 op d'Welt an ass de 4. August 2012 gestuerwen. Fir un ee vun de villsäitegste Lëtzebuerger Auteuren - Romaner, Kannerbicher, Theaterstécker, Cabaretstexter, Gedichter, Héierspiller … - ze erënneren, haten d'Christiane Kremer, de Jay Schiltz an de Claude Mangen zesumme mam Josy Braun senger Wittfra Josée Klincker e Sonndeg de Moien op e literareschen Apéro op Mamer an de Pavillon am Brill, am Park hannert dem Cipa, invitéiert. Vill Frënn vu Brauns Jos a vun der Lëtzebuerger Literatur ware komm, fir sech zesummen ze erënneren a fir déi eenzel Facettë vum Journalist, Kabarettist, Theaterauteur a Schrëftsteller Revue passéieren ze loossen - a gudder Ambiance an an engem strubbelvolle Sall.