Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
"Die Schöne und das Biest" zielt zu enger vun den erfollegräichste Produktiounen aus dem Haus Disney.
Den Zeechentrickfilm, deen an de Kinoe gelaf ass, huet mat senger eenzegaarteger Musek a senger wonnerschéiner Geschicht de Wee direkt an d’Häerzer vum Publik fonnt.
Am Joer 1994 huet dunn d’Broadway Première gefeiert – mat net manner Succès wéi de Film!
Mat eenzegaartege Charakteren, wéi och aussergewéinlech Dänz a facetteräich Lidder ware genee déi richteg Ingrediente fir och als Musical a Weltsuccès ze ginn.
Iwwer 100 Leit sinn un dëser Produktioun bedeelegt: 21 Museker, 41 Duersteller, dovunner 15 Solisten, wéi och eng sëlleche Leit, déi an der Technik a Crew schaffen.
Den Disney-Musical mat vill Romantik, Witz, Musek an Danz, dee weltwäit scho Millioune Leit begeeschtert huet, ass vum 17. bis de 21. elo och zu Lëtzebuerg an der Rockhal op Besuch.