Concert am Kader vun 150 Joer Philharmonie Municipale de Diekirch (21.01.2018)
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
E Sonndeg den 21.01.2018 gouf et an der Aler Seeërei zu Dikrech fir den Optakt vun der 150 Joresfeier vun der "Philharmonie Municipale de Diekirch" zesummen mat der Ettelbrécker Musek ee Concert "PMD & Friends".
Den Optakt haten d'Junioren vun der PMD, ënnert der Leedung vum Bob Minette.
No der Begréissung an e puer Wieder un den Public vum President vun der Dikrecher Musek, dem Här Pol Bonert, war et dann un der Dikrecher Musek ënnert der Leedung vum Ernie Hammes, presentéiert goufen d'Stécker vum Stephie Koeune.
No enger klenger Paus goung et du weider mat der Ettelbrécker Musek, ënnert der Direktioun vum Rainer Serwe, a presentéiert gouf dat Ganzt vum Jean-Pol Meis.