Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Gutt 7 Joer hu misse seng Fans waarden, bis de franséischen DJ a Produzent erëm ee Concert zu Lëtzebuerg ginn huet. Um Mëttwochowend sollt et dann erëm souwäit sinn. Mat sengem aktuellem Tour-Programm huet de Museker d'Rockhal an ee groussen Dancefloor ëmgewandelt.
Dat mat enger flotter Lightshow a mat vill faarweg Animatiounen op groussem Ecran. De Superstar huet um Mëschpult vu sengem Podest aus seng gréisste Lidder wéi Titanium, Withou You a vill aner bekannten Hits lafe gelooss. Iwwer 6000 Fans konnte sech domatten op ee gutt 90 Minutte laange Guetta-Mega-Spektakel freeën.
Viru sengem Opener "Bad" hunn an enger ausverkaafter Rockhal DJ’s Deepend & Hugel fir de flotte Warm-Up vun de Leit gesuergt.