Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
No engem 3 Minutte laangen Intro, ënnertitelt mat der bekannter Filmmusek vum „Das Boot“ aus dem Joer 1981 a mat enger virtueller Virstellung vun de 5 Grënnungsmemberen, huet déi däitsch Band direkt am Ufank hiren Optrëtt zu Tréier spektakulär ugefaangen. Mat hirem Nummer-1-Hit "Könnt ihr mich hören" hunn d'Museker aus dem héijen Norden, aus Schleswig-Holstein, op e flotten an ofwiesslungsräiche Concertsowend an der Stad vun der Porta Nigra invitéiert.
Santiano ass 7 Joer laang an der däitscher Musekszeen ënnerwee an huet an där Zäit vill Präisser gewonnen, sou ënnert anerem an de Joren 2013, 2014 a 2016 de renomméierten Echo an der Kategorie "Bescht Grupp an der Volleksmusek".
Hire Repertoire ass e Mix aus Rock, Pop a Folk. Sou covere si - nieft Eegeproduktiounen - och Lidder aus der internationaler Musekswelt, schreiwen hire eegenen däitschen Text dobäi a passen dat da mat hirem eegene Museksstil un. Shanty Rock nenne si dat, flott Lidder, déi un Piratelidder erënnere sollen.
Um Donneschdeg Owend hu Santiano mat hirem Leadsänger Bijörn Both ee Programm mat iwwer 20 Lidder presentéiert. Den éischten Datum am Februar huet missen aus gesondheetleche Grënn verréckelt ginn, sou ass um Donneschden och dat schnell vergiess ginn, an déi 7 Mann vu Santiano konnten zesumme mat hirer treier Fanbase, dorënner och vill Lëtzebuerger, hiren Anker eranzéien a sech op eng eng flott a musikalesch Schëfffaart mat vill Spaass a interessante Séiraibergeschichten op de Wee maachen. Ahoi!