Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
D’Charlotte Gainsbourg ass d'Duechter vun der bekannter franséischer Koppel Serge Gainsbourg an Jane Birkin.
Am Ufank vun hirer Karriär war et net d'Sangen, et war méi d'Schauspillerei déi am Virdergrond bei der 1976 zu London gebuerener Charlotte Gainsbourg stoung. 1986 huet si de César an der Kategorie "Beschten Nowuess" gewonnen, 2013 war et den Acteure-Präis beim Festival vu Cannes fir de Film "Antichrist" vum Lars von Trier.
Um Sonndeg war si fir e Concert zu Esch/Uelzecht op Besuch an huet mat engem méi luese rockegen Deel, deelweis mam Klang vum Synthesizer ënnermauert a mat engem musikaleschem Touch, deen och e bëssen un de "Chansons" vu hirem Papp erënnert huet, een ausverkafe Rockhalclub gemittlech ënnerhalen.