Automag am Radio: Toyota Collection zu Köln (11.4.2018)
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Toyota Däitschland weist zënter kuerzem déi wahrscheinlech beandrockendst Sammlung vu Modeller aus der laanger Geschicht vun dëser japanescher Autosmarque. Et ass d'Privatcollectioun vun engem Toyota-Händler, dee mëttlerweil verstuerwen ass. Well d'Famill net wousst, wat se mat de sëllechen Autoen an Ersatzstécker ufänke sollt, huet Toyota Däitschland d'Sammlung iwwerholl. Elo kritt een zu Köln e wierklech kompletten Iwwerbléck, vu weltbekannte Bestseller bis bei scho laang vergiesse Raritéiten.