Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Si sti mat op der Lescht vun de Kultserien aus den 80er a 90er Joren. Wien huet net d’Geschichte vum schwaarzen Auto mat sengem Partner Michael Knight gekuckt, oder d'Rettungsschwëmmer vu Malibu bei hiren Asätz verfollegt. An der Haaptroll do ëmmer ze gesinn: Den David Hasselhoff, oder wéi seng Fans hien nennen: The Hoff.
Den David Hasselhoff war um Donneschdegowend bei eis an der Géigend op Besuch. Dat an der der Saarlandhalle zu Saarbrécken. Den amerikanesche Sänger a Schauspiller hat bei senger aktueller „30 Joer - Looking for Freedom -Tour“ duerch Däitschland seng rout Schwammbox elo net dobäi, säi schwaarze Kult-Auto K.I.T.T konnt een awer virun der Dier bewonneren a sech mat him och knipse loossen.
No engem interessanten Intro mat Video a Musek aus senger Karriäre, d'Melodie vun Knight Rider a Baywatch natierlech mat dobäi, ass den 2 Meter groussen Hasselhoff mat schwaarzer Liederjackett (also de selwechte Look wéi beim groussem Optrëtt bei der Berliner Mauer am Joer 1989) op der Bühn opgetaucht an huet direkt mat sengem éischte Lidd gewisen, dass en och am héijem Alter eng Bühn rocke kann. Mat sengem Orchester aus 9 Museker huet de 65 Joer alen Artist fir eng flott a faarweg Party gesuergt, an d'Fans, déi aus allen Ecken ugereest sinn, vill giel Placke mat engem "L" um Parking virun der Hal waren och ze entdecken, konnte sech scho beim 2.Lidd net méi roueg op hire Still halen an hunn hiren Idol euphoresch ugefeiert.
Deen huet ënner anerem niewe ville Coverversiounen och seng Hits wéi „Hooked on a feeling“ oder" Crazy for you“ zum Beschte ginn. Zum Schluss vum Owend och säi wuel bekanntste Lidd a sengem musikaleschem Liewenslaf: "Looking for Freedom“, dee Klassiker, dee mat dobäi gedroe soll hunn, d'Mauer zu Berlin falen ze loossen. Den David Hasselhoff selwer soll dat jo denken, an och dës Geschicht ass Kult.