Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
E Sonndeg gouf et zu Miersch, bei guddem Wieder di éischt Editioun vum „Supercar Sunday“.
Den Event ass de 6. Mee niewent der Mierscher Gare ofgelaf a gouf vun der ASBL “GTO Luxembourg” organiséiert. Bei GTO handelt et sech ëm eng jonk, engagéiert Grupp, déi sech zum Zil gesat huet, hier Passioun vum Auto ze deelen, wéi et och hire Slogan “We share Passion” verréit.
Iwwer zwee Méint laang haart Aarbecht huet um Enn den erhoffte grousse Succès erbruecht. Iwwer 90 Autoen, vum Sportlechen Alldagsauto bis zum Supersportler, hate sech versammelt. Och de Public huet groussen Interessi gewisen. Dem Organisator no hu ronn 1'000 Spectateuren sech d’Autoen um Sonndegmëtten tëscht 14 a 17.30 Auer ugekuckt.
Grond dofir waren och déi deelweis extrem rar Autoen, déi um "Supercar Sunday" deelgeholl hunn.
Ënnert den iwwer 90 Autoe waren ënner anerem 1 vun nëmmen 250 weltwäit gebaute Lamborghini Huracan Avio, 2 vun 3 a Lëtzebuerg registréierte Porsche 911 GT3 RS Purple an zwee Porsche 911 GT2 RS, dem rezentsten 700 PS staarke Supersportler vu Porsche.
Ma net nëmmen nei Autoe ware present, och rar Klassiker wéi den Alpine A110, een DeTomaso Pantera GTS a Youngtimere vun Ferrari a Corvette konnt een um Event bestaunen.
Och de Lëtzebuerger Porsche Mobil1 Supercup Pilot Dylan Pereira, deen ënner anerem och Member vun GTO ass, war ob der Plaz, sou dass een d'Méiglechkeet hat sech een Autogramm vum "Automobilsportler vum Joer 2017" ze sécheren.
D'Plange vum nächsten Event, wat den 15. Juli soll oflafen huet schonn ugefaangen.