Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Déi däitsch Sängerin huet d'lescht Joer den definitiven Duerchbroch als Sängerin an der däitscher Pop- a Schlagerwelt gepackt. War si 2016 an der Jury vun "Deutschland sucht den Superstar" niewent dem Dieter Bohlen, sou ass si e Joer méi spéit op enger 2. Plaz bei "Let's Dance" gelant.
An hirem musikalesche Liewen huet si vu 2012 bis 2015 bei der Grupp "Wolkenfrei" matgesongen, duerno ass mat hirer éischter Single "Wolke 7" och eng Plaz an den Charts verdéngt derbäi komm. Den drëtten Album "Für dich" ass vum Dieter Bohlen produzéiert ginn.
Mat dem neien Album "Regenbogen" aus dem Joer 2017 ass d'Vanesssa Mai, déi mam Fils vum Andrea Berg bestuet ass, op grousser Tour. Och zu Oberhausen war déi sympathesch jonk Kënschtlerin um Freiden op Besuch - an RTL.lu hat d'Méiglechkeet kritt, de Concert vun enger Vanessa Mai mat super sexy Outfit ze fotograféieren ...
D'nächst Joer ass d'Vanessa Mai dann och zu Tréier, wou hir Lëtzebuerger Fans dann déi nooste Méiglechkeet kréien, fir si ze gesinn.