Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Zanter 2014 gëtt et am "Musée de L'Ardoise Haut-Martelange" ee flotte Festival fir d'ganz Famill mam Numm "Koll an Aktioun".
Dëst Joer war dat den 19. an den 20. Mee.
Leider war d'Sonn just Samschdes ze gesinn, Sonndes huet et dunn zäitweis gereent.
Hei de musikaleschen Deel, aus dem In- an Ausland, vun deenen de Jang Gaspar Fotoen gemaach huet.
19. Mee:
The Choppy Bumpy Peaches
Smiley & The Underclass
Rilan & The Bombardiers
D'Troit
d'Zirkusshow vun "Circus unARTig"
Go Go Berlin
Ouzo Bazooka
Leoniden
Dillendub feat. DAS Radial:
Pol Belardi - E-Bass,
Jérôme Klein - Keys, Electronics,
Aloyse Weyler - Drums,
an als "DAS Radial" de Max Thommes
20. Mee:
Och den 20. Mai gouf et Animatiounen fir d'ganz Famill déi zu vill op de "Koll an Aktioun" op Uewer-Marteleng komm sinn.
Et konnt ee mat engem klengen Zichelchen an déi al Schifergrouwen matfueren.
Och den Hämmelsmarsch gouf e puer Mol gespillt.
D'Stater Schmatten a Leit, déi Schieferplacke geschnidden hunn, hu gewisen, wat se konnten an et konnt een och selwer probéieren.
Et gouf och deen Dag eng sëlleche Concerten wéi
"Heavy Patrol",
"Josh Island", deen een wéi ech gewuer gouf am November am Restaurant "k116" zu Esch bei engem Diner-Concert spillt,
"The ZAP Show" déi mol héi an e mol do um Site gespillt hun,
"Emily-Mae Lewis",
bei "Räpzodi" sin och alt mol Fritten kal gin,
"Seed to Tree"
Zweschenduerch gouf et och eng Rock Circus Show vum "MR Copini"