Zillertaler Haderlumpen am Rollengergronn (2.6.18)
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
D'Zillertaler Haderlumpen hunn d´Sportshal am Rollengergronn an en Hexekessel verwandelt.
E Samschdeg den 2. Juni war et nees souwäit an d´Zillertaler Haderlumpen hu fir déi 8. Kéier Statioun an der Haaptstad gemaach. No dem flotten a stëmmungsvolle Warm-Up vum Sandy Botsch, hunn déi 3 sympathesch Borschten aus dem Zillertal d´Sportshal am Rollengergronn un d´Kache bruecht.
Dëst Joer gouf et dann och zwee Optrëtter vun der Rollstulldänzerin Danielle Schreiber, wat eng Choreographie mam Sandy Botsch op d´Lidd "Frou mat dir" gemaat huet, a mat den Zillertaler Haderlumpen op hiert d´Lidd "Das Geschenk der Zeit".
De Concert gouf organiséiert vun der Aiderbichlerfrënn Lëtzebuerg asbl.