Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Marville ass ee klengt Duerf an der Lorraine, am Departement de la Meuse, dat ganz no un der franséisch-belscher Grenz läit. Och vu Lëtzebuerg aus ass et net wäit an dat verschlofent Nascht mat sengem ale "Billerbuch-Kierfecht", wann een dat esou soen dierf. Nieft e sëlleschen 'antike' Griewer ass besonnesch den Ossuaire mat senge 40.000 Doudekäpp bekannt ... D'Duerf selwer huet eng Rëtsch schéi Stroossen mat ale stengen Haiser an enger gotescher Kierch ze bidden. Et ginn zwee Restauranten mat Hotel do, een un der Haaptstrooss, dee virun allem bei de Camionschauffere beléift ass, an ee méi schicken op der zentraler Plaz am Duerf, nieft der Kierch. Zweemol am Joer ass zu Marville eng méi lass: beim Mëttelalterfest a bei der Wäischmaach an de Kellere vun den alen Häiser. Avis aux amateurs ...