Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Déi 3 Plaze sinn e wonnerbare Plädoyer fir en Trip an d'Groussregioun, an zwar an déi belsch-franséisch Grenzregioun. Als éischt Orval (B) mat sengem Klouschter, der Klouschterruin niewendrun an deene leckeren Trappisteproduiten wéi dem Kéis an dem Béier, déi een do kafen oder direkt iesse kann. Dann, kuerz hannert der Grenz a Frankräich schonn, dat klengt Duerf Avioth mat senger imposanter gotescher Basilika a vrun allem mat senger uniquer Recevresse, wou d'Pilger fréier hir Affer ofgi konnten. Weider da bei déi grouss Festung Montmédy, déi iwwert deem klenge regionalen Zentrum trount. Um Heemwee hannescht op Lëtzebuerg onedéngt zu Marville (Duerf a Kierfecht) stoe bleiwen!