Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
E Samschdeg war et erëm esou wäit, du gouf et den "Rock um Knuedler 2018", dës Kéier nees just mat Lëtzebuerger Gruppen.
Eise Fotograf Jang Gaspar huet säin Tour mat "Choppy Bumpy Peaches" op der "Holy Ghost Stage" an der Rue du St.Esprit ugefaangen.
Weider war eise Fotograf dann op der "Lyon Stage" um Knuedler bis zum Schluss.
Opgetruede sinn:
"Strysles",
"Marc Welter's Joint Bunch",
"Bye Bye Bay",
"De la Mancha"
"Dreamcatcher",
"Grund Club Voices Allstars"
Och de Paul Theisen huet en Tour duerch d'Stad gemaach an huet flott Impressioune vun de verschiddene Concerten a vun de Leit agefaangen.