Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
An der flotter historescher Kuliss vum Amphitheater stoung de Weltstar Chris de Burgh um Mëttwochowend am Kader vu senger Solo-Tour eleng op der Bühn an huet gutt 2000 Fans mat op eng flott musikalesch Rees geholl.
De sympathesche Sänger, deen am Oktober seng 70 Joer feiert, huet während sengem Programm ofwiesselnd Gittar mam Piano getosch a sech vill mat den Zuschauer ënnerhalen. Typesch De Burgh-Klassiker wéi "High on Emotion" oder "Don't pay the Ferryman" si gespillt ginn, Lidder aus senge leschten Albume stoungen och op der 26 Lidder grousser Setlëscht.
Fir ee flotten an iwwerraschende Moment huet den iresche Sänger selwer gesuergt, wéi hie bei sengem "Lady in Red" d'Bühn verlooss huet a sech ënnert de Publikum gemëscht huet. Spéitstens elo war d'Stëmmung op engem Héichpunkt gelant, dat bei flotte summerlechen Temperature beim Open-Air Festival zu Tréier.
No 90 Minutten Non-Stop Concert huet de Kënschtler mat dem Lidd "Good Night" seng begeeschtert Fans mat engem häerzlechen Äddi aus dem schéine réimeschen Theater heemgeschéckt.