Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Nom Chris de Burgh um Virowend hunn déi Responsabel vum Openair-Festival fir ee weidere musikaleschen Highlight um Donneschdeg gesuergt. Dat an der Persoun vun der Sängerin Amy Macdonald. D'Schottin, déi am Moment an Europa mat hirer Band ënnerwee ass, konnt ronn 3.000 Fans am Amphitheater begréissen.
Mat vill Freed a gudder Laun huet si vu Ufank un hir Präsenz gewisen, an dat bei fir si ongewinnten héich Temperaturen: "Dat ass vill ze waarm fir e Meedchen aus Schottland", sou déi jonk Sängerin mat engem sympathesche Grinsen un hire begeeschterte Publikum. Mat dobäi all bekannte Lidder wéi "This is the Life" oder hire "Mister Rock and Roll". Och hiren aktuelle Song "Dream On" sollt net feelen. Mat dem "Let's start a Band" sollt dann no annerhallwer Stonn e flotten a gelongenen Owend op een Enn goen.
Als Support war d'Sängerin Antje Schomaker invitéiert. Bis Enn September ass si nach mat dem Amy Macdonald ënnerwee, duerno ass si da mat hirer eegener deelweis schonn ausverkaafter Tour "Von Helden und Halunken" duerch Däitschland ënnerwee.