Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Et ass kee Witz: Als Monte Kali oder Kalimandscharo gëtt an Däitschland wierklech e Bierg bezeechent - oder soe mer eng kënschtlech Erhiewung bei Heringen (Werra) un der Grenz vun Hessen an Thüringen. De Bierg ass entstanen, well an där Regioun ënnert dem Buedem Kalisalz ofgebaut gëtt. An dat Material, dat een net gebrauche kann, awer materaushuele muss, gëtt zanter Joren opgetippt, esou datt de Bierg wiisst a wiisst ... an antëscht och eng Touristenattraktioun ginn ass.