Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
E Samschdeg den 08.09.2018 gouf et schonn dee fënnefte "FunkyDonkeyFestival fir d'Familljen zu Klierf, deen all Joers vun den Guiden an Scouten aus der Ëmgéigend vun Klierf organiséiert gëtt.
Ze gesi gouf et e puer Stänn vu verschiddenen Associatiounen, déi sech fir gutt Zwecker asetzen, dorënner och ee Stand vum "Ploschter Projet", fir nëmmen deen ze nennen.
Fir d'Kanner waren ausser engem Sprangschlass an diverse Spillsaachen och 2 Ieselen do, fir drop ze reiden
.
An dat Bescht, no 2 Joer Reen war d'Sonn dann dëse Samschdeg mol erëm eng Kéier op der Organisatioun hirer Säit.
Eng Partie Gruppen aus dem In- an Ausland waren op deenen zwou Bühnen z'erliewen an zwar:
"Clarindo - Special Opening".
"Mari", dat war den alleréischten Optrëtt vun enger néier talentéierter Singer-Songwriterin:
Als nächst war et un "Scavenger's Lunch":
Daniel Megyimori - Vocals, Guitar,
Danny Epstein - E-Guitar, Vocals,
Thierry Gillet - E-Bass,
Charel Geimer - Drums,
Als nächst gouf et Band mam Numm "Ladie's Fantasies Club":
Jean-Yves Szmida - Vocals,
Joshua Cremer - Drums
Duerno war et un "Bye Bye Bay":
Als nächst stoung de "Chris Reitz" mat senger elektrescher Gei an Elektroniks "All Reitz Reserved" op der Bühn.