Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
E Samsden den 22. September gouf et an der Stad "d'Orchestramania" an de "Family Day" an der Philharmonie:
Op der Place de l'Europe gouf et och nach "Yummi", ee Concours wou d'Léit dee beschte Food-Truck wiele konnten.
Divers Instrumenter aus verschidde Materialie gouf et och op där Platz ze gesinn an auszeprobéieren.
Et gouf och ee Concert vum "Luxembourg Jazz Orchestra".
An der "Espace Découverte" gouf et eng Virféierung vun "Drumbelbee" vum "Quatuor Beat".
Ee ganz lëschtegen Concert, deen dacks fir Kanner an all Alter mat hiren Elteren, awer och ganz flott fir déi Grouss, do organiséiert gëtt.
Am "Grand-Auditorium" gouf et ee Concert vum "Brass-Ensemble" vum OPL.
Als nächst stoung eng Visitt vun der Uergel mam "Maurice Clement" um Programm.
"Become a Maestro - Conducting workshop for beginners" gouf et am grousse Sall, wou Kanner a Jugendlecher konnte probéieren, den OPL ënnert der Opsicht vum Chefdirigent "Gustavo Gimeno" ze dirigéieren.
Zum Ofschloss vum Dag, mat ganz villen Visiteuren, gouf et dann am groussen Sall "De Pier an de Wollef" mam OPL, Directioun "Gustavo Gimeno" an dem "Serge Tonnar" als Erzieler, deen den Text och an d'lëtzebuerger Sprooch iwwersat huet.