Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Bei der Presentatioun vum neien DS3 Crossback huet DS dovunner profitéiert, d’Diere vu sengem Designzenter opzemaachen. Dee läit am Süde vu Paräis, nennt sech “DNA” an ass fir Journalisten oder Clienten normalerweis net zougänglech. Den DS-Designdirekter Thierry Métroz a seng Ekipp wollten awer weisen, wéi vill Opwand si bei der Entwécklung vun engem neie Modell bedreiwen. Si hunn de Serge Pauly an hiren Designbüro an an hiren Atelier luusse gelooss.