Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
De Grundclub Voices hat op een "Bob Marley Tribute" an d'Schongfabrik op Téiteng invitéiert.
Ugefaangen huet dat Ganzt mat engem "Open Mic." mat de/r Sänger/in-Gitarrist/in "Zoé", "Robert", "Sandra", "Katia", bzw. eng Sängerin mat engem Gittarist "Béatrice & Angelo", déi 2 eege Lidder respektiv eng Coverversioun vu Lidder gespillt hunn.
Als nächst gouf et een Djembé Workshop vum "Kubra". Duerno goung et dann op der Bühn weider mat "Le Vibe", ee Grupp deen eege Reggae-Lidder geschriwwen a komponéiert huet. Déi aner 5 Comboe waren da Museker mat ofwiesselnd Sängerinnen a Sänger a Museker aus dem "Grundclub". Verschidde Sänger a Sängerinnen hunn entweder Lead oder Background gesongen.
Geleet gouf dee ganzen Owend vun "Jessica Lobo" an "Lata Gouveia", déi selwer och mat op der Bühn waren.