Déi nei a bis elo wäitst LuxairTours-Destinatioun: Ras-Al-Khaimah
Nach ni ass eis national Fluchgesellschaft esou wäit geflunn: no 5.000 km Loftlinn an a 6,5 Stonnen ass een elo an engem vun de 7. arabeschen Emirater: zu Ras-Al-Khaimah. An do erwaart Iech en Dram aus 1001 Nuecht: chic Hoteller, super Plagen, eng Wüstesafari mam Jeep oder mam Quad, déi längste Zip-Line vun der Welt, en Ausfluch an 1,5 Stonn op Dubai a villes méi.
De Camille Ney war den 23.10. um Vol inaugural fir RTL mat derbäi an huet eis des schéi Fotoen a praktesch Links matbruecht: