"My Urban Piano" by David Ianni @ Cape Ettelbréck (9.11.18)
"My Urban Piano" ass ee super Projet fir ee gudden Zweck vum Pianist David Ianni, deen d'Videoen, déi während dem Projet op alle Statiounen an de Kulturhaaptstied vun der EU gedréint goufen. Si goufe gewisen a bei deene meeschten huet den David Ianni live op der Bühn vum CAPE zu Ettelbréck e Freideg gespillt.
Drënner war och ee Stéck, dat de Museker extra fir "50 Joer S.O.S. Kannerduerf" vu Miersch geschriwwen hat.
Als Zugab wollt de Museker 1 vun nach 3 aner Kompositioune spillen, en hat virdru gefrot, wéi eng dann. Aus dem Public koum dann de Zouruff mat groussem Applaus, dach allen 3 ze spillen.
Den nächste Concert ass den CD-Release mat de Lidder vun där Rees duerch d'EU am Golfclub zu Jonglënster, e Sonndeg, den 9. Dezember an den 21. Dezember mat nach anere Museker an der Iechternacher Basilika ee Concert "In Memorial Lisa Berg".