Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
E Freideg gouf et an der ganz gutt gefëllter Kulturfabrik zu Esch ee wonnerbare Concert vun "Typh Barrow", enger Sängerin a Musekerin, déi an der Belsch als Belschversioun vum Adèle an Amy Winehouse gefeiert gëtt. Datt si décke Succès huet, kann ee gesinn, wann een d'Tourdate vun hir kuckt, déi allermeescht Concerte sinn ausverkaf oder et gi just nach allerlescht Ticketen.
Et gouf ganz vill Applaus an 2 Zugaben, déi zweet koum ganz iwwerraschend, well d'Luuchten am Sall eigentlech schonn u waren.
"Tanaë" am Virprogramm waren awer och ganz gutt an och do gouf et vill Applaus.