"GrundClub Voices 2018" am Floor vun der Rockhal (11.12.18)
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
En Dënschdeg, den 11. Dezember 2018 gouf et dee leschten "GrundClub Voices 2018" am Floor vun der Rockhal fir dëst Joer. Dobäi waren:
Josh Ireland - Vocals, Guitar,
Gil Bernard - Drums,
Sven Sauber - E-Guitar,
Tom Heck - E-Bass,
Luca Sales - Keys,
Jessica Lobo - Backingvocals,
Sarah Kertz - Backingvocals,
Lata Gouveia - Backingvocals,
Adeline - Vocals,
Sitta - Vocals,
Kevin Heinen - Vocals a Presentateur vum Owend,
Hugo Nogueira - E-Guitar, Vocals,
Kid Colling - E-Guitar, Vocals
An de Pol Belardi huet als Vertrieder vun der Sacem erkläert, wat d'Sacem ass a wéi wichteg se ass fir d'Tantieme fir Museker, Sänger a Songschreiwer, déi bei hir Member sinn.
An apropos Hugo Nogueira, deen ass bekanntlech Member bei "Lost in Pain" an déi féieren dëse Samschdeg, de 14.12.2018 am Centre culturel AaltStadhaus zu Déifferdeng hiren 10. Anniversaire mat "Versus You", Freshdax" an der "René Cavallini Blues Family".
Den Entrée ass fräi an d'Diere ginn um 20 Auer op.
An deen nächsten Concert vun "GrundClub Voices" ass fir de Mëttwoch, 13. Mäerz 2019 am Floor vun der Rockhal.
Wou ass do de Floor? Ganz einfach, wann een virun der Rockhal steet, gesäit ee riets dernieft Trapen, déi bei d'Gare féieren, déi lénk Säit erop an dann direkt uewen ass dann d'Dier. Vun der Gare aus gesinn ass d'Dier riets, ier een d'Trapen erofgeet. Et ass och e Lift do.