Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Op Hellegowend 1818 hunn déi 2 Frënn Mohr a Gruber an der Kierch vun Oberndorf hiert Lidd déi éischte Kéier virun den Awunner vun hirem Heemechtsduerf opgefouert. Dës al Kierch St. Nikola steet haut awer net méi. 1906 ass si ofgerappt ginn.
Haut steet do déi kleng "Stille-Nacht-Kapelle".
Direkt niewendrun, um "Stille-Nacht-Platz" eng "Stille-Nacht-Post" oder fir de Duscht eng "Stille-Nacht-Wirtschaft". De "Stille-Nacht-Musée" kann een hei och besichen an natierlech däerf de "Stille-Nacht-Souvenirs"-Buttek net feelen.