Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Op enger Weltrees kritt een esou Munches ze gesinn. An den nächste Wochen a Méint weise mer Iech flott Plazen aus Europa, Nord- a Südamerika, Asien, Afrika an Australien.
Déi karibesch Insel Curacao gehéiert zu der hollännescher Kroun. Ronn 165.000 Leit liewen op der 444 Quadratkilometer grousser Insel. Well d'Insel eben zu Holland gehéiert, gëtt hei och Hollännesch geschwat, donieft awer och fir d'Karibik üblech Englesch e Spuenesch. De Gros vun den Awunner, eng 150.000, liewen an der Haaptstad Willemstad.